Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Song vum Dag

100komma7.lu / Song vum Dag

/ The Aquatic Museum – Large Pleasure Watercraft

The Aquatic Museum – Large Pleasure Watercraft

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow

The Aquatic Museum fannen sech i haut den Owend fir ee gemeinsamen Optrëtt an der Abtei Neimënster zesummen, ab 8 Auer. Et ass grouss ugeluechte Popmusek mat Straicher, Blechblosinstrumenter, Elektroneschem, verspillte Pianoen a Gittaren, déi mol u Sufjan Stevens, mol un Agnes Obel erënnert, an domat direkt an d’Häerz trëfft.

Musek
Rock a Pop
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Paul Weller - Nothing

headphones

8 min

play_arrow

Dan Auerbach - My Last Mistake

Bekannt ass den Dan Auerbach virun allem als Hallschent vum Blues-Duo The Black Keys. Haut op sengem 45. Gebuertsdag steet hien ausnamsweis emol eleng am Mëttelpunkt.
headphones

9 min

play_arrow

Nemo - The Code

Tëscht Protester a Polemik huet dëst Joer den Eurovision Song Contest stattfonnt. Gewonnen huet um Enn d‘Schwäiz, mat engem Titel, dee souwuel musikalesch wéi vun der Performance ze iwwerzeege wosst.
headphones

9 min

play_arrow

Corridor - Porte ouverte

Am Line-Up vum 20. Out Of The Crowd-Festival gëtt et wéi ëmmer vill Musek ze entdecken. Sou zum Beispill déi kanadesch Formatioun Corridor an hire genee esou komplexe wéi harmonesche Repertoire.
headphones

0 min

Hannah Ida – In The Blink Of An Eye

“In The Blink of An Eye” ass eng Meditatioun iwwer Vergänglechkeet, déi engem klenge Stëmmungsbild gläicht, een Äddi, deen Einsamkeet bréngt, Déidung, an eppes Schéines.
headphones

7 min

play_arrow

Why Bonnie – Dotted Line

Why Bonnie ware virun zwee Joer mat hirem Debutalbum “90” op Best-Bands a Best-Album-Lëschten an der Musekspress. Zanterhier hunn déi jonk Amerikaner vill Concerte gespillt.
headphones

9 min

play_arrow

Florence Besch - Love Me Truly

Mat der neier Single „Love Me Truly“ mellt sech déi Lëtzebuerger Songschreiwerin Florence Besch zeréck.
headphones

9 min

play_arrow

Kamasi Washington - Get Lt feat. George Clinton & D Smoke

“Get Lit”, déi neiste Single vu séngem annoncéiertne Album “Fearless Movement”, deen elo iwwermuer eraukënnt.
headphones

9 min

play_arrow

Marker Starling - Yet You Go On

Eegewëlleg an intimistesch ass de Soul vum kanadesche Museker Marker Starling. Den Owend ass hie mat senger Band an de Rotonden zu Gaascht.
headphones

7 min

play_arrow

Nina Simone - Mood Indigo

Den Duke Ellington wier hätt haut 125 Joer kritt. Seng Kompositioun "Mood Indigo" ass eise Song vum Dag, an enger Versioun vun der Nina Simone vun 1957.
headphones

8 min

play_arrow

Iron & Wine - Anyone's Game

D‘Pandemie hat den amerikanesche Museker Sam Beam, alias Iron & Wine an eng kreativ Kris gestierzt. Op sengem neien Album „Light Verse“ beweist hien, dass hie seng Kreativitéit a Liichtegkeet erëm fonnt huet.
headphones

7 min

play_arrow

The Jesus And Mary Chain - Head On

Ee Concert am Atelier haut den Owend bitt d’Geleeënheet fir eise Song vum Dag.
headphones

10 min

play_arrow

Bullion - World-train

Enn der Woch kënnt den neien Album vum Nathan Jenkins eraus: "Affection". Eng waarm Pop-Plack, där hir Léift ganz dem Public soll gëllen.
headphones

9 min

play_arrow

Joe Goddard – Moments Die feat. Barrie

Eng Kollaboratioun vum Hot Chip-Mann joe Goddard mat der Sängerin Barrie
headphones

7 min

play_arrow

Taylor Swift - Florida!!!!

Op hirer neier Plack zervéiert déi amerikanesch Pop Kinnigin vill batterséiss Gefiller. E poeteschen Aufsatz iwwer déi verschidden Aspekter vum Verléiwen.
headphones

11 min

play_arrow

Adrian Crowley - Bread and Wine

Den Adrian Crowley hëlt eis mat op d'Rees.
headphones

6 min

play_arrow

The Aquatic Museum – Large Pleasure Watercraft

Ouere spëtzen, besonnesch wann dir den Owend nach no enger Sortie sollt sichen.
headphones

8 min

play_arrow

Timber Timbre - Ask the Community

D’Kanadier vun Timber Timbre verstinn et schonn zanter 2009 ze hypnotiséiere mat hirer poetescher Musek, déi hir Wuerzelen am Folk huet. Muer den Owend (18.4.) live an der Escher Kufa ze erliewen.
headphones

10 min

play_arrow

Dusty Springfield - Spooky

De Song "Spooky“ kënnt vun der brittescher Sängerin Dusty Springffield, eng vun de Stilikone vun de Swinging Sixties, déi haut 85 gi wier.
headphones

9 min

play_arrow

Maggie Rogers - So Sick Of Dreaming

Mat 20 Joer war d‘Maggie Rogers e Shooting Star, hiren Titel "Alaska“ en Iwwerraschungserfolleg. Zéng Joer méi spéit kann ee si op hirem neien Album bei der Sich no hirer musikalescher Identitéit begleeden.
headphones

9 min

play_arrow