Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Weyes Blood - Twin Flame

play_arrow Live
arrow_back_ios

Song vum Dag

search / Song vum Dag

/ Tracy Chapman - Born To Fight

Tracy Chapman - Born To Fight

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

1988 koum en op de Maart, den Debutalbum vun der amerikanescher Songschreiwerin Tracy Chapman. Akustesch Musek mat engagéierten Texter war deemools net wierklech ugesot, an trotzdeem sollt déi einfach “Tracy Chapman“ betitelt Plack zu enger vun de meescht verkaafte vun allen Zäite ginn. Muer (30.3.) feiert d‘Musekerin hire 60. Gebuertsdag - Grond genuch fir d‘Claudine Muno hir eise Song vum Dag ze widmen.

Musek
Rock a Pop
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

DJ Shadow - Rocket Fuel

Muer den Owend (16.3.) trëtt am Atelier den DJ Shadow op.
headphones

10 min

play_arrow

Slow Hollows - Tired

“Tired” ass eng atmosphäresch Gittareballad vun enger Band, déi et am Fong net méi gëtt.
headphones

8 min

play_arrow

Jelani Aryeh - The Sweater Club

Den Jelani Aryeh kënnt vu San Diego an annoncéiert seng zweet Plack “The Sweater Club” mam Titeltrack als Single.
headphones

8 min

play_arrow

Graham Coxon - Walking All Day

Säi Gittarespill huet de Sound vum Britpop an den 1990er gepräägt. Haut (12.3.) feiert de Graham Coxon vun der Band Blur seng 55 Joer.
headphones

5 min

play_arrow

Nick Cave and the Bad Seeds - Wild God

Ee Virgeschmaach op der australescher Rockband hiren 18. Album
headphones

7 min

play_arrow

Keith Richards - I‘m Waiting for the Man

Dem Keith Richards seng Versioun vum Lou Reed sengem "I‘m Waitimg for the Man“ - ee Stéck vun enger Tribute-Compilatioun, déi den 20. Abrëll erauskënnt.
headphones

10 min

play_arrow

Porij - Unpredictable

En ass nach e bëssen e Geheimtipp, hiren neien Titel “Unpredictable”, a genee dofir hu mir en als Song vum Dag verpaakt.
headphones

9 min

play_arrow

Kid Be Kid - Stories

Mat musikaleschem Multitasking weess déi däitsch Kënschtlerin Kid Be Kid ze begeeschteren. Den Owend (5.3.) ass si am Neimënster zu Gaascht.
headphones

7 min

play_arrow

Maehila - Like You Do

Grad emol 21 Joer al ass d’Maehila - eng lëtzebuergesch Sängerin, déi mëttlerweil fest etabléiert ass an der Zeen. Hir nei Single huet si mat engem neie Lidderschreiwer komponéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Edsun - Love Myself Again

Eng nei lëtzebuergesch Single, déi haut erauskënnt. Si kënnt vum R&B Sänger Edsun, mee net nëmmen.
headphones

7 min

play_arrow

Alela Diane - All The Light

Den Owend (29.2.) live zu Diddeleng am Centre culturel opderschmelz
headphones

8 min

play_arrow

Jake Bugg - Lightning Bolt

Aus sengem Debut-Album vun 2012 ass den Titel "Lightning Bolt" dem Jake Bugg säi wuel berüümtsten Titel.
headphones

9 min

play_arrow

SZA - Saturn

D’SZA hat hir nei Single “Saturn” bei hirer Grammy-Belounung zum Beschte ginn.
headphones

10 min

play_arrow

Adrianne Lenker - Fool

Ee Virgeschmaach op der Musekerin hiren neien Album "Bright Future"
headphones

8 min

play_arrow

Khruangbin – May 9th

Khruangbin beamen eis an d'Fréijoer
headphones

8 min

play_arrow

LEEN - Dark

LEEN si bal prett hiren Debut-Album erauszebréngen, an deelen eng lescht Single virum groussen Dag,
headphones

9 min

play_arrow

Saya Gray - Aa Bouquet For Your 180 Face

Kommt mat a Kanada, wou d‘Saya Gray als Tounbastlerin Musek op hirem Wunnengsbuedem zesummen zammert.
headphones

7 min

play_arrow

Jimi Hendrix - Crosstown Traffic

Viru 65 Joer ass den Jimi Hendrix fir d’éischte Kéier op eng Bün geklomm. Hien hat deemools 16 Joer.
headphones

10 min

play_arrow

Francis of Delirium - Give It Back To Me

Mat der neier Single „Give It Back To Me“ mécht Francis of Delirium virwëtzeg op en éischten Album an eng Tour duerch Europa an Nordamerika.
headphones

10 min

play_arrow

Ride – Last Frontier

Virun engem Mount koumen Detailer zu engerm neie Ride-Album, deem drëtten zanter hirer Reunioun. Och “Last Frontier”, eise Song vum Dag, preparéiert op des Scheif.
headphones

8 min

play_arrow