Dagdeeglech
Virun 164 Joer koum den Henri Tudor op d’Welt
2 min
Den Henri Owen Tudor koum den 30. September 1859 um Diesbuergerhaff bei Ferschweiler an der Äifel op d‘Welt. Schonn als Student intresséiert hie sech fir Elektronik an esou riicht hien déi éischt Gläichstroumanlag op. D‘Akkumulatore kruten d‘Energie vun engem Dynamo, dee vun der Rousperter Waassermille gedriwwe gouf. Den Henri Tudor riicht am In- an Ausland Fabricken fir Akkumulatoren an entwéckelt 1905 zesumme mat engem Frënd den "+Energy-Car“, ee quasi zum Deel elektrescht Gefier, dat zu Rouspert zesummegebaut gouf.
Den Henri Tudor stierft den 31. Mee 1928 un de Suitte vun enger Bläivergëftung.