Dagdeeglech
Virun 83 Joer koum de Paul Helminger op d'Welt
2 min
Den 28. Oktober 1940, koum zu Esch-Uelzecht de Paul Helminger op d’ Welt, Lëtzebuerger Jurist, Politikwëssenschaftler, Manager an DP-Politiker. No sengen Etüden am Droit an de Politikwëssenschafte start hien 1966 eng diplomatesch Karriär bis hien 1974 a Kontakt mat der Politik koum als Chef de cabinet fir de Premier Gaston Thorn. De Paul Helminger war Staatssekretär, laang Joren Deputéierten an der Chamber, Schäffen a Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. No der Politik huet hie n.a. verschidde Verwaltungsréit presidéiert. De Paul Helminger ass de 16. Abrëll 2021 gestuerwen.