Dëst Fréijoer huet et immens vill gereent. Dem Bilan vu Meteolux no waren et dëst Fréijoer am Ganze ronn 268 Liter de Meterkaree, eleng am Mäerz waren et ronn 81 Liter op de Meterkaree. Am Duerchschnëtt waren dat 50 Prozent méi Ree wéi an der Referenzperiod vun 1991 bis 2020.
Dat aktuellt naasst Summerwieder wierkt sech och op d’Landwirtschaft aus. Duerch déi naass Felder bilde sech Keimen a Pilzkrankheeten an d’Recolte kréie Retard.