Bewosst Gesond
Weltdiabeetes-Dag 2023
14 min

Säi Risiko kenne fir Komplikatiounen ze vermeiden.
De 14. November ass de Weltdag vum Diabeetes. Dësen Dag ass ëmmer nees eng gutt Geleeënheet fir op d’Problematik vun dëser chronescher Krankheet anzegoen.
De Slogan fir 2023 ass: "Kennt Äre Risiko, kennt Är Äntwert."
D’Zil vun dëser Campagne ass d'Wichtegkeet fir säin eegene Risiko fir Typ 2 Diabeetes ze kennen an esou d’Entwécklung vun der Krankheet an déi domat verbonne Komplikatiounen ze verzögeren oder esouguer ze vermeiden.
Mam Sylvie Paquet a Jessica Durbach vun der Association Luxembourgeoise du Diabète ASBL. Weider Informatiounen op www.ald.lu
D’Risikofaktore fir Typ 2 Diabeetes:
• Alter (> 45 Joer)
• Iwwergewiicht (BMI > 30) a besonnesch d’Fett ronderëm de Bauch, dofir gëtt dann den Taillen-Ëmfang gemooss (> 80 cm fir Fraen, > 94 cm fir Männer)
• Familliär Geschicht: Elteren oder Bridder / Schwëstere mat Diabeetes
• Beweegungsmangel (Sedentaritéit: manner wéi 30 Minutte kierperlech Aktivitéit pro Dag)
• Schlecht Iessgewunnechte mat wéineg Uebst, Geméis a Kären
• Héije Bluttdrock
Recommandatiounen :
Op där enger Säit huet ee Liewensmëttel, déi méi dacks op eisem Teller solle sinn:
- Frëscht Geméis an Uebst, wa méiglech regional a saisonal
- Vollkarkären, Brout an Deegwueren, egal op dat elo Weess, Dinkel, Wëllkar, Räis, Huewer, Quinoa ass
- All Zorte vun Nëss a Kären, wéi Hacker-, Hiesel-, Cashew- oder Afennëss, mee och Kürbis-, Sesam-, Sonneblummen, Chia-, oder Leinsamekären
- Net-gesiedegt Fetter aus Ueleg-Friichten, wéi Oliven, Raps, Sesam, Arachiden, Mais, Sonneblummen …
- Fermentéiert Liewensmëttelen, wéi Jughurt oder Kefir
- Genuch Flëssegkeet duerch Waasser an net-geséissten Téi, Kräidertéi oder Kaffi
Dogéint solle folgend Liewensmëttelen nëmmen heiansdo, an a klenge Quantitéite konsuméiert ginn:
- All séisst Gedrénks wéi Cola, Limonaden a Jus
- Gesiedegt a gehäerten oder Trans-Fetter aus Margarinn, Palmfett, industriell hiergestallte Kichelcher a Séissegkeeten oder Schockelasbotter
- Rout Fleesch, Charcuterie a Fleeschwueren
- Am allgemenge si staark verschafften an transforméiert Liewensmëttelen oder wäiss a raffinéiert Mielprodukter a Brout ze vermeiden.
Presentateur
- Angie Maquil
Episoden

Déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung
Administrativ Vereinfachung: Eng nei Verwaltung fir d’Iwwerwaachung vun der Liewensmëttelkette vum Bauerebetrib bis op den Teller vum Konsument.

Akafsfalen am Supermarché
Haut ginn et e puer Rotschléi, déi hëllefe sollen, méi effikass anzekafen an dobäi méi bëlleg an e gesonde Choix ze treffen.

Déck Nëss, e klenge Plus am gesonden Iessen
D'Wierkung vun den Hackernëss op eis Gesondheet

Sekundäre Pflanzenstoffe
Sekundäre Pflanzenstoffe - eine Wunderwaffe gesunder Ernährung - oder was versteckt sich dahinter?

École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
D’EHTL: eng modern, ambitiéis an dynamesch Schoul, déi de Schüler Perspektive bitt.

“Scheinfasten”: Wonnermëttel geint Bauchfett?
Nëmme fënnef Deeg laang manner iessen an dann trotzdeem vun den positiven Effekter vum Faaschte profitéieren? Geet dat iwwerhaapt?

D’Drauwen, eng beléiften Uebstsort mat vill Energie
Gesond Superfriichten , déi et lo ze genéisse gëllt.

Erfrëschungsgedrénks: méi saisonal a regional
Ideal Gedrénks fir waarm Summerdeeg, loosst Iech inspiréieren!

Deshydratioun am Summer virbeugen
Den Duuscht ass schonn en éischt Zeeche vun Deshydratatioun.

Ze vill Cholesterol: Gefor oder nëmme Panikmacherei?
Wéi eng Roll spillt d'Ernärung, a wat ass den aktuelle Wëssenschaftsstand?

Hunneg huet vill gutt Eeegenschaften
Hunneg ass en natierlecht Mëttel fir ze Séissen an iwwerrascht ëmmer nees mat senge villsäitegen Aromaen.

Eat the Rainbow - Méi Faarf op den Teller
All Faarf bréngt gesondheetlech Virdeeler, keng Faarf ass besser wéi eng aner.

Gesond grille mat vill Faarf um Teller
D'Grillsaison soll een onbedéngt notzen, net nëmme fir Ofwiesslung um Teller.

"From leaf to root" - Uebst a Geméis ganz verwäerten!
Offall, dee bei der Virbereedung vu Geméis an Uebst entsteet, kann dacks fir nei Menüe benotzt ginn, mir soen iech wéi.

Planetary Health Diet
Iesse fir ee gesonde Planéit

Vun Äerdbier bis Hambier
D'Bieren: Ënnerschätzt regionaalt Superfood

Den Hype ëm Supplementen, Narungsergänzungsmëttelen
Hype oder Noutwendegkeet? Den Aktuelle Stand vun der Närstoffergänzung fir d'Allgemengheet

D'Ouverture vun der École du Goût
Laang gouf geschafft a renovéiert an haut (3.5.) ass et endlech souwäit.

D'Saison vun de Spargelen
Aspargus: Vill Mineralstoffer a vill Kalzium, elo ass Spargelen-Zäit, an et lount sech vun der Saison ze profitéieren.

Närstoffer an der vegetarescher/veganer Ernärung
Vun Omega3, Eisen, Iod, Vitamin B12, B2 an D, Kalzium, Selen an Zénk

Chronobiologie, Schlof an Ernärung
So mir wat s du ëss, an ech soen dir, wéi s du schléifs!

Eng gesond Daarmflora
Daarm-Mikrobiot a Gesondheet. Afloss vun der Ernärung op d'Qualitéit vun eiser Daarmflora

SICONA: De Projet Natur genéissen an de Maisons-relaisen
De Projet Natur genéissen ënnerstëtzt regional, bio a fair Produite fir eng méi gesond a nohalteg Ernärung vun de Kanner an de Maison-relaisen

Proteinnen an der vegetarescher a veganer Ernärung
Kann ee ganz ouni Fleeschproduite gesond liewen, a wéi wichteg si Proteinne fir Vegetarier:innen a Veganer:innen?

Faaschte-Methoden am Verglach
Wärend dem Faaschte geschéien e puer intressant Verännerungen am Kierper.
