Wild Nothing war ufanks de Projet vum amerikaneschen Indie-Museker Jack Tatum. Deen huet seng Musekskarriär mat engem selwer-produzéierten Album ugefaangen, esou säi Grupp fonnt a vergréissert, a fir eng Dose Jore weider um Succès geschafft. Do koum d‘Pandemie, an op eemol stoung hien nees do, wou hien am Ufank war: eleng mat enger Gittar an der Kummer. Dofir huet Wild Nothing fir d’éischt zanter dem Debut elo erëm eng Aart Solo-Album um Start. Den Titel “Dial Tone”, eise Song vum Dag, ass Testament dofir.
arrow_back_ios
Song vum Dag
Wild Nothing - Dial Tone
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Joé Birchen