Bewosst Gesond
Geet d'Léift wierklech duerch de Mo?
11 min
Och fir déi, déi kee“ Valentin”hunn, kann d'Iessen haut op op Vältesdag, eng Roll spillen. Jidderee kann sech selwer mat guddem Iesse verwinnen.
D'Verbindung tëschent Léift an Iessen ass déif. Iessen ass net nëmmen eng vital Noutwennegkeet, mee och e Wee fir Léift fir sech selwer an/oder fir en aneren auszedrécken.
"Den Zoustand vum Mo an Daarm kann d'Stëmmung beaflossen. Zesummen iesse fërdert e Gefill vu Gemeinschaft."
Da geet Léift also duerch de Mo?
Explikatioune mat der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin.