Dagdeeglech
viru 5 Joer stierft de Roger Quaino
2 min
Vun 1952 bis 1967 huet de Roger Quaino säin Hobby zum Beruff gemaach. Hien stoung zu senger Zäit op de gréissten a bekannteste Variétésbünen uechtert d'Welt. Mat enger vu sengen Nummere huet de Roger Quaino d’ Weltpress begeeschtert an de Public begeeschtert. Perséinlechkeeten bewonnere seng Nummeren: d’Queen Elizabeth II, den US-President Lyndon B. Johnson, de franséische President Charles De Gaulle, de Poopst Pius XII oder den Charlie Chaplin.
No senger Karriär als Equilibrist war de Roger Quaino Schwammmeeschter an ass nach bis 1978 all Mount am Kaderprogramm vun der Zéiung vun den Nummere vun der Nationallotterie opgetrueden.