De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg invitéiert an d'Welt vun de Geschichten a Märercher. Sieft et mam Maurice Ravel sengem seele gespillte Wierk "Shéhérazade" op Basis vun den Erzielungen aus "1001 Nuecht", dem Nikolai Rimsky-Korsakow seng Vertounung vum Märchen "Skaza" oder dem Richard Strauss sengem populäre Wierk "Also sprach Zharathustra".
Solistin vum Owend ass d'Sopranistin Patricia Petibon (op der Foto), dirigéiert gëtt den Orchester vum Jérémie Rhorer.
Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
de Freideg Owend (05.05.) um 20:00 Auer um radio 100,7 live aus der Philharmonie