Radioen

On air

Mixtape  |  Baden, Trinken, Fasten

play_arrow Live
search

/ 1.800 Affäre goufen zejoert ofgeschloss

Europäesche Geriichtshaff

1.800 Affäre goufen zejoert ofgeschloss

Ronn annerhalleft Joer daueren d’Affären an der Moyenne, déi um Europäesche Geriichtshaff traitéiert ginn. Eng 1800 goufen der zejoert ofgeschloss, iwwer 2.900 stinn der nach op. Dat sinn e puer Donnéeën aus dem Joresrapport vum EUGH, deen um Méindeg vun de Lëtzebuerger Riichter bei der europäescher Instanz presentéiert gouf.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

2024 wier virun allem markéiert gewiescht vun enger institutioneller Reform, iwwert déi de Geriichtshaff déi sougenannte Renvois préjudiciels, also Vorabentscheidungsverfahren un d’Tribunal ka weiderginn, huet de François Biltgen erkläert, ee vun de 4 Lëtzebuerger Riichter beim EUGH. 

Dat wier eng Entlaaschtung fir de Geriichtshaff, deen esou méi Raum hätt fir d’Rechtsinterpretatioun a groussen Dossieren. D’Tribunal sengersäits hätt méi Kompetenzen a méi Aarbecht.

Wat Lëtzebuerg ubelaangt gouf et zejoert vill manner Recours en manquement, Vertragsverletzungsverfaren, mee vill Renvois préjudiciels.

"Renvois préjudiciels sinn zwee Drëttel vun eisen Affären an dat ass eigentlech dat, wat dat europäescht Recht am meeschten no vir bréngt. Well do, opgrond vun iergendengem Bierger, Betrib oder Staat, den nationale Riichter eis eng Fro stellt, déi mir beäntwerten an déi dann awer fir déi 27 Memberstaaten eng wichteg Influenz hunn. An do spillen d'Lëtzebuerger Riichter eng grouss Roll." 

Et war iwwerdeems déi éischte Kéier zënter der Coronapandemie, datt d’Press fir déi Geleeënheet invitéiert war.

Lauschterenplay_arrow