Radioen

On air

Resonanzen  |  Mariano Mores (arr. Werner Thomas-Mifune) - Cafetin de Buenos Aires - Mandelring Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Programm, mat deem mir Iech inspiréiere wëllen: Vill nei Sujeten an Theemen a ganz verschiddene Formater, mat de Schwéierpunkte Kultur, Musek an Aktualitéit

E Programm, mat deem mir Iech inspiréiere wëllen: Vill nei Sujeten an Theemen a ganz verschiddene Formater, mat de Schwéierpunkte Kultur, Musek an Aktualitéit

E Programm, mat deem mir Iech inspiréiere wëllen: Vill nei Sujeten an Theemen a ganz verschiddene Formater, mat de Schwéierpunkte Kultur, Musek an Aktualitéit

E Programm, mat deem mir Iech inspiréiere wëllen, erwaart Iech nees fir d'Rentrée um radio 100,7. Vun e Méindeg, 13. September u presentéiere mir Iech vill nei Sujeten an Theemen a ganz verschiddene Formater, mat de Schwéierpunkte Kultur, Musek an Aktualitéit. 


Nieft dem wichtegen Aktualitéitsinterview an der Woch um 07:30 mat eisem Invité vum Dag, dee vum Maurice Molitor oder dem Rick Mertens op den Zand gefillt kritt, héiert Dir all Dag vun 10 bis 11 déi nei Emissioun Sot emol, mat am Fokus eng markant Persoun. An engem direkten an onkomplizéierte Gespréich léiert Dir eis Gäscht aus enger anerer Perspektiv kennen: Mat hinne schwätze mir iwwer hir Erliefnesser, Interessen a Passiounen. Loosst Iech iwwerraschen, wann d'Natasha Ehrmann an de Jean-Claude Majerus dagdeeglech, ëmmer nees nofroen:
"Sot emol, Här ... oder Sot emol, Madamm ...!"

Natasha Ehrmann a Jean Claude Majerus


Wie verstoppt sech hanner deene Stëmmen, déi Iech all Dag duerch eise Programm begleeden?

An der Emissioun Virum Dag vu 6 bis 10 ass et déi onverkennbar Moiesstëmm vum Simon Larosche.

No der Emissioun Sot emol iwwerhëlt eng weider markant Stëmm: Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2 mam Angie Maquil.

Angie Maquil a Simon Larosche


Am Nomëtteg vun 3 bis 6 iwwerschreift sech déi lescht Animatiounstranche, mam Pit Walté oder, ganz nei, dem Marlène Clement.

Pit Walté a Marlène Clement


Déi ganz Ekipp vum radio 100,7 wënscht sengen Nolauschterer eng spannend an iwwerraschend Rentrée an déi nei Saison 2021/22.