16.02. Infobourse "Deng Zukunft, Däi Wee"

DZDW_2022_rtch.jpg
Loscht op e Beruff um Radio? Ma da kommt e Mëttwoch, de 16. Februar an de Belval Plaza op d'Infobourse Déng Zukunft - Däi Wee, wou dir berode gitt, wéi eng Beruffer et beim radio 100,7 ginn. Eis Mataarbechter zielen Iech wärend dësen Auerzäiten zu folgende Theemen eppes:
 
09h30-12h00: Technik
12h00-14h00: Animatioun
14h00-16h00: Journalismus
 
Vu Radiosanimatioun, iwwer Journalismus bei d'Technik berode mir iech gären an äntweren op Är Froen. Mir freeën eis Iech ze gesinn!
 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen