16.9. Live aus der Philharmonie

Mat Musek aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert lancéiert de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, 16. September, d'Saison 2021/2022. De Chefdirigent Gustavo Gimeno kënnt zeréck bei e Komponist, deen hien an deene leschte Jore reegelméisseg programméiert - am Concert an op Disk: den Igor Strawinsky. Fir d'Ouverture vun der Saison dirigéiert de Gustavo Gimeno d'Suite aus dem Ballet "Der Feuervogel".
Solistin am éischte Concert vun der Saison ass déi däitsch Sopranistin Diana Damrau, déi 1995 hiren Debut als "My Fair Lady" hat, antëschent als eminent Mozart- a Strauss-Interpretin gefeiert gëtt. Diana Damrau interpretéiert dann och eng Serie Lieder vum Richard Strauss.
De radio 100,7 iwwerdréit de Concert vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie.