D'Flütt als Soloinstrument ass eent vun de populäerste Museksinstrumenter, ass awer am klassesche Concertsrepertoire nach ënnerrepresentéiert. Un der Säit vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg spillt de 17. Dezember dee renomméierte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud an der Philharmonie e Concert, deen de radio 100,7 live um 20:00 Auer iwwerdréit. Direktioun: Gustavo Gimeno
Um Programm:
Olivier Messiaen: Les Offrandes oubliées
Maurice Ravel: Ma mère l'Oye (Mutter Gans). Ballet
Jacques Ibert: Concerto pour flûte
Olivier Messiaen: Hymne pour orchestre