18.5. Den 100,7 Klassesall

Klassesall

Bundesliga

De Fussball rullt nees an Däitschland. Um Weekend gouf an der Bundesliga nees Fussball gespillt... ouni Zuschauer.

Lauschtert hei

Donald Duck

De Donald Duck ass e Flantes, ongeschéckerlech, rosen an och liddereg, an awer ass den Donald Duck dee beléiftsten Pechvull deen et gëtt.

Lauschtert hei

Bilddiktat

Et ass erëm souwäit, dir braucht elo en Zeecheblat, e Bläistëft a Faarwen a mir lauschteren der Kyra Thielen aus der Villa Vauban gutt no. Si huet eis en neit Bilddiktat matbruecht, haut ass et e Bild mat enger Landschaft vu Lëtzebuerg.

Lauschtert hei

Mr. Science

Hues Du scho mol probéiert e Glas voll Waasser op d'Kopp ze dréien, an et ass kee Waasser erausgelaf? Wéi dat geet erkläert de Mr. Science.

Lauschtert hei

Challenge vum Dag

Dass ee mat ganz einfache Saachen kann komplex Denkaufgabe léisen, dat bréngt eis haut d'Frauke Kesting am Challenge vum Dag mei no.

Lauschtert hei

Salut, Kanner bis muer.

 

 

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen