18.9. Riicht eraus: De Lëtzebuerger Bléck op d'Bundestagswahlen 2021

Wahlplakat Lindner © Serge Kesseler.jpg

An Däitschland gëtt de 26. September en neie Bundestag gewielt. Wéi een Afloss hunn dës Walen an hiert Resultat op Lëtzebuerg an op déi Europäesch Unioun?

Dat analyséiere mir dëse Samschdeg an eiser Emissioun Riicht eraus. Dem Serge Kesseler seng Gäscht sinn den LSAP-Parteipresident Yves Cruchten, de WOXX-Journalist Raymond Klein an de Publizist Pierre Lorang.

Lauschtert de Riicht eraus an eiser Mediathéik.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen