20.02. Kaarten op den Dësch: Esch2022 eng Woch virum Start

Kaarten op den Dësch - Esch 2022

Mir schéissen zesummen eng Rakéit an de Weltall, seet Nancy Braun, d'Generaldirectrice vun der Kulturhaaptstad Esch2022 am Virfeld vun der Ouverture vum Kulturjoer de 26. Februar. Eng villverspriechend Ausso, un déi net jiddweree gleewe wëllt.

Et diskutéieren d'Nancy Braun, den Escher Kënschtler Théid Johanns an de Responsabele fir de Kanner-a Jugendprogramm vum Escher Theater, de Francis Schmit.

Dëse Sonndeg um 11:00 Auer. Moderatioun: Valerija Berdi

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen