D'Geschicht vun "Tausend und eine Nacht" musikalesch erzielen - dat mécht de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënnert der Baguette vu sengem Chefdirigent, dem Gustavo Gimeno. An och de Jean-Guihen Queyras ass mat dobäi, an zesumme spille si "Tout un Monde lointain" vum Henri Dutilleux. Ee Concert, deen einfach eng magesch Atmosphär versprécht!
Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, den Owend um 20:00 Auer um radio 100,7 live aus der Philharmonie.
Presentatioun: Marie Schockmel