Als Defie fir d’ Zukunft goufe vun der ABBL zwee Haaptthemen ausgemaach.
Engersäits d’ Simplification Administrative (beispillsweis wann een e Kont opmécht) an d’ Cybersecuritéit. Fir géint Versich vu Fraude virzegoen soll ab dem 9. Oktober an der EU dann och eng Kontosnummer ëmmer mat engem Numm liéiert sinn.
Wann den Numm bei der Iwwerweisung net 100 Prozent mat dem vum Destinatär iwwerteneen stëmmt, wäert d’Transaktioun net duerchgoen.
An Holland, wou et dee System scho länger gëtt, konnt ee Frauden domat effektiv bekämpfen, esou d’ Ananda Kautz aus dem Direktiounscomité vun der ABBL.