Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Wild Pink - Air Drumming Fix You

play_arrow Live
search

/ 2024 war e gutt Joer fir d'Lëtzebuerger Banken 

Bankenassociatioun

2024 war e gutt Joer fir d'Lëtzebuerger Banken 

Et wier ee ganz zefridden, dat trotz der schwiereger geopolitescher Lag an elo wéilt een agil bleiwe fir op méiglech Ongewëssheete kënnen ze reagéieren, esou den Yves Stein, President vun der Bankenassociatioun ABBL. 

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© Lynn Taziaux play_arrow
(Foto: Lynn Taziaux)

Als Defie fir d’ Zukunft goufe vun der ABBL zwee Haaptthemen ausgemaach. 

Engersäits d’ Simplification Administrative (beispillsweis wann een e Kont opmécht) an d’ Cybersecuritéit. Fir géint Versich vu Fraude virzegoen soll ab dem 9. Oktober an der EU dann och eng Kontosnummer ëmmer mat engem Numm liéiert sinn. 

Wann den Numm bei der Iwwerweisung net 100 Prozent mat dem vum Destinatär iwwerteneen stëmmt, wäert d’Transaktioun net duerchgoen. 

An Holland, wou et dee System scho länger gëtt, konnt ee Frauden domat effektiv bekämpfen, esou d’ Ananda Kautz aus dem Direktiounscomité vun der ABBL.

Lauschterenplay_arrow