Wéi geféierlech ass de Coronavirus dann elo fir Kanner?
An dräi Deeg, e Méindeg, geet d'Schoul och fir d'Schüler aus dem Fondamental nees un. Zu dësem Sujet wollt mir, fir dës lescht Kannernoriichten, ee Punkt ervirhiewen: Wéi geféierlech ass de Coronavirus dann elo fir Kanner? Weider Detailer ginn et mam Pierre Reyland aus der Noriichteredaktioun.
Jhemp Hoscheit-Wat war dann dran?
Haut huet de Jhemp Hoscheit eng Geschicht fir d'Virwëtztuten. "Wat war dann dran?" ass den Numm vun dëser Geschicht!
Am Casino gëtt dach och gespillt
Am Casino an der Ënneschtgaass gëtt Konscht vun haut gewisen. Do ass kee Spillcasino mat Roulette a Kaartespiller, wou Leit versichen, vill Geld ze wannen. Dat huet eis d'Ekipp virun enger Zäitchen hei am Klassesall erkläert. Dat bedeit awer net, datt an der Ënneschtgaass keng spilleresch Aktivitéite fir Kanner gebuede ginn. D'Fabienne Bernardini vum Casino huet iech fir haut eng matbruecht.
Eng Mënz verschwanne loossen
Ënnert dem Glas läit eng Mënz, awer mir gesinn se net?! Wéi geet dat? A firwat ass dat esou? Den Mr. Science erkläert eis firwat.
Bilan vun der Aufgab vum Dag
32 Challengen huet de Skript eis an dësem 100,7 Klassesall gestallt, an u sech si mir nach net fäerdeg mat eisen Aufgaben.
D'Nathalie Bender kuckt mam Luc Weis zeréck op d'Schoul um Radio an de leschte Wochen.
De Coronavirus - E Buch fir Kanner
Wat geschitt elo als nächst? Dat ass eng Fro déi net nëmme Kanner sech am Moment am Kontext vun der Coronapandemie stellen.