Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erënnerungen, Muselgreechen, ee Smoothie, d'Patricia Lippert a Summertime

Erënnerungen, Muselgreechen, ee Smoothie, d'Patricia Lippert a Summertime

Erënnerungen, Muselgreechen, ee Smoothie, d'Patricia Lippert a Summertime

Memories.lu: Meng Erënnerungen - Eis Geschicht

E puer Beispiller, wéi de Projet Memories.lu Erënnerungen a Geschichte vu fréier opschafft:
D'Kolpecher Schlass

Den Emile Mayrisch a seng Fra Aline de Saint Hubert hunn 1917 d'Kolpecher Schlass kaaft. Ënner der Leedung vum Sosthène Weis, Architekt a Moler, huet den Emile Mayrisch d'Schlass ëmbaue gelooss. D'Madame Mayrisch huet zesumme mat engem Landschaftgäertner de Park nei gestalt.

An der Réimecher Schwämm

"'t woar nëmmen e Pad, deen duerch de Gréin bei d'Schwämm an der Musel geféiert huet. Eng laang Mauer, an der Mëtt woar d'Entrée. Do souz d'Madame Stephany an der Keess. Hannert der Mauer gebaute Kabinnen. Rechts d'Jongen, lénks d'Meedercher. Eng kal Dusch woar och do."

Eng Zesummenaarbecht mam RBS Center fir Alterfroen. Detailer vum Alain Brever, Direkter vum RBS an op www.memories.lu oder www.rbs.lu

Lauschtert hei

D'Lidd vum Muselgreechen

Dëse "beschten Dronk mécht den Dribsal lëschteg an den Alter jonk". An et gëtt keng besser Reklamm fir dëst nationaalt Gedrénks wéi schéi Lidder.

De Schlagersänger, Schauspiller an RTL Moderator Camillo Felgen, deen iwwregens ënner dem Pseudonym Jean Nicolas och Texter fir Schlagergréisste wéi Peter Alexander, Udo Jürgens, Gilbert Bécaud a fir ... d'Beatles geschriwwe resp. iwwersat huet, séngt am Sound vu senger Zäit d'"Lidd vum Muselgreechen" aus der erfollegräicher Operett "Dräi ass gëttlech" aus dem Joer 1908 vum Komponist Joseph Alexandre Müller a vum Textdichter Batty Weber.

Lauschtert hei

Smoothie als Vitaminnbomm?

Vill Leit ersetze frësch Uebst oder Geméis duerch Smoothien. D'Dieteticienne Liz Mersch ass net sou begeeschtert vu Smoothien. Si seet, datt déi frësch Zorten aus méi Grënn de Smoothien virzezéie sinn: sou ginn z. B. beim Schiele wäertvoll Vitaminne verluer. Ausserdeem siedegt frëscht Uebst a Geméis besser, doduerch datt ee knaen muss. Och ass d'Quantitéit u frëschem Uebst, déi een ësst, manner grouss, wéi wann een et als Smoothie géing zou sech huelen. Wat erëm vu Virdeel ass, wann een op Kalorien oppasse wëllt. Grad bei Kanner mat Iwwergewiicht ass et wichteg, d'Vitess beim Iessen ze bremsen, dat geléngt besser, wann een hinne Liewensmëttel ubitt, déi laang geknat musse ginn. Déi Smoothien, déi ee fäerdeg ze kafe kritt, riskéieren dann nach zousätzlech Zocker oder aner Zousazstoffer ze enthalen, ob déi een och gutt verzichten kann.

Als prakteschen Tipp kann ee soen, datt een all Dag frëscht Uebst a Geméis iesse soll, dovun ëmmer en Deel a réiem Zoustand, well Vitaminn C hëtztempfindlech a waasserléislech ass. Well ënner der iessbarer Schuel vum Uebst a Geméis besonnesch vill Vitaminn C ass, soll een dës och wa méiglech matiessen, nodeem ee se grëndlech gewäsch huet. Esou komme Geméisdippe bei de Kanner dacks ganz gutt un, a sollen dowéinst dacks ugebuede ginn, an et mécht souguer nach Spaass, se mat de Kanner zesummen ze preparéieren.

Lauschtert hei

Visittekaart: Patricia Lippert

D'Molerin Patricia Lippert am Gespréich mam Jean Portante: Am November 1993 war eng Molerin beim Jean Portante am Gespréich. D'Patricia Lippert huet vill verschidde Faarwen mat an dëse Portrait erabruecht. Et waren awer net nëmme Faarwen, wéi gewinnt huet den Invité an der Emissioun Visittekaart och seng Musek matbruecht. Wat huet d'Patricia Lippert fir e Bezuch zur Musek a wéi gesäit hiert musikalescht Ëmfeld aus?

Lauschtert hei

Summertime

Eng Oper vu engem Wäisse Museker, déi awer nëmme vun Afroamerikaner däerf opgeféiert ginn. Dëst ass "Porgy and Bess" vum George Gershwin. De Gershwin war ee vun deene éischten a eenzegen, deen d'Liewensbedéngunge vun den Afroamerikaner denoncéiert huet.

"Porgy and Bess" vermëscht Oper mat Jazzharmonie. De Manuel Ribeiro mat Detailer.

Lauschtert hei