24.5. Riicht eraus: kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg

Kulturell Diversitéit

Am Kader vum Internationalen Dag vun der kultureller Diversitéit fir den Dialog an d'Entwécklung (21. Mee), seet d'Audrey Azoulay, d'Generaldirectrice vun der UNESCO, datt eng Welt vun Diversitéit net just méi friddlech, mee och méi räich a méi gerecht ass. Liewe mir an esou enger Welt? Wéi steet et ëm déi kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg?

Doriwwer diskutéiert d'Valerija Berdi mat den Invitéen Ainhoa Achutegui, Directrice vum Kulturzenter Abtei Neimënster, der Kënschtlerin Sascha Ley an dem Direkter vum Institut Pierre Werner, den Olivier Frank, de 24. Mee um 11:00.

Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Programm

Net verpassen

  • Nei Museksemissiounen

    Bigstock / real_content

    Al Schanken: Freides, 21:00

    Mat Groove a Séil: Samschdes, 19:00

    Palatino FM: Samschdes, 21:00

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen