26.01. Yves Stephany gëtt neie Programmchef vum radio 100,7

Yves Stephany

Copyright: Laura Poggi

De Verwaltungsrot vum radio 100,7 huet de 25. Januar 2022 den Yves Stephany zum neie Programmchef vum ëffentlech-rechtleche Radio ernannt. Hien ass de Moment Musekschef (net-Klassik) a schafft zanter 2008 fir de Radio. Den Yves Stephany ass doriwwer eraus Museker a Fotograf.

D'Roll vum Programmchef ass et allgemeng, zesumme mat de Verantwortleche vun den eenzelen Departementer, en attraktiven, kohärenten a reegelméisseg opgefrëschte Radiosprogramm ze definéieren. Hien ass am Spezielle Responsabel fir d'Ekipp vun den Animateure vum Radio. Zu sengen Aufgabe gehéiert et, déi grouss Prinzippie vum Service public konkret am Radiosprogramm ëmzesetzen an dobäi e gutt Gespier fir d'Erwaardungen a Besoine vun den Nolauschterer ze entwéckelen. De Programmchef rapportéiert un den Direkter vum Radio.

Den Yves Stephany gëtt domadder de Successeur vum Yann Logelin, dee bis Mäerz 2021 Programmchef war. Den Interim huet de Claude Faber assuréiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen