26.09. Déi wonnerbar VaLibrairie

Dei wonnerbar VaLibrairie.jpg

Wien ass de Jean-Philippe Rossignol, deen neie Responsabele fir Literatur an Editioun bei Kultur LX? Wat verstoppt sech hanner den Therme Migratiounsliteratur a kleng europäesch Literaturen? A wat huet dat mat Lëtzebuerg ze dinn? Wéi spannend ass dem Joseph Kayser säin neie Roman mam skurillen Titel "Lapsuus"? A wësse Literaturkritiker am Ausland, datt bei eis och Bicher geschriwwe ginn?

Réckblécker an Ausblécker op alles, wat mam Buch ze dinn huet. An eiser Literaturemissioun gitt Dir dat alles gewuer.

Lauschtert d'Emissioun hei

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen