Webinaire iwwer ADHS

Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

Den Oktober steet dëst Joer am Zeeche vun der Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung - op Däitsch ofgekierzt ADHS, op Franséisch TDA/H. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) an de Service de consultation et d'aide pour troubles de l'attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) wëllen dofir sensibiliséieren, doriwwer informéieren a besonnesch och d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Am Studio diskutéieren: d'Liane Königs, Pedopsychiater a Psychotherapeutin, d'Manuelle Schank, Pedagogin a Psychotherapeutin am CDA, d'Liz Theis, Ergotherapeutin a Master of Arts am an der ëffentlecher Gesondheet um SCAP an den Dr. Alexander Marcus, Pedopsychiater a Psychotherapeut.

Ausserdeem ginn Temoignagë vu Betraffener an Analyse vun Experten an d'Emissioun eragespillt.

Diskutéiert mat a schéckt Är Froen am Zesummenhang mat ADHS elo schonn op fro@webinar.lu oder iwwer WhatsApp op den 621 44 00 44.

De Webinar "ADHS - Eng Diagnos, keng Meenung!" vum SCRIPT zesumme mam radio 100,7 - dësen Dënschdeg, 26.10. tëschent 14:30 a 16:00 um radio 100,7.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen