27.5. Generatiounen

Eng Vitaminn mat ville Funktiounen
D'Vitaminn D hëlt de Kierper iwwer zwee Weeër op, entweder gëtt dës Vitaminn duerch d'UV-Lucht an der Haut gebilt oder se gëtt am Daarm aus de Liewensmëttel opgeholl.
Eise Kierper brauch Vitaminn D, ënner anerem, fir d'Opnam vum Kalzium a vum Phosphat ze kontrolléieren, an dofir gëtt d'Vitaminn D am Daarm, an de Schanken, an den Nieren an an den Nieweschilddrüse gebraucht. An de leschte Joren gouf awer och erausfonnt, datt d'Vitaminn D zousätzlech Funktiounen z. B. an der Bauchspeicheldrüs, de Muskelen, am Zellwuesstum an der Haut oder am Immunsystem erfëllt.
Et gi guer net vill Liewensmëttel, an deene Vitaminn D dran ass. D'Haaptquelle si Fëschliewer, fettege Fësch a sonne-gedréchent Champignonen, awer och Eegiel a fetteg Mëllechprodukter wéi Kéis a Botter.
Feeling, wéi am Café des Artistes
Haut de Mëtteg proposéiert d'Fondatioun EME e Concert mam jonke Pianist Gilles Fonck am bekannte Café des Artistes am Gronn. De Gilles Fonck huet direkt eng ganz Panoplie u Stecker mat dobäi. An dëst ganz am Stil vum Café. Seng virtuell Concerten huet den Pianist dann och "Am klengen Artist" benannt.
De Raymond Massard an de Kino Kursaal
De Raymond Massard ass grouss ginn am Kino an huet d'Entwécklung vum Kino a sengem Material vu klengem u materlieft. 1998 huet hien houfreg mat den 90. Anniversaire vum Kino Kursaal zu Rëmeleng gefeiert, zwee Joer méi spéit war hie beim Cléo Thoma an der Emissioun Zäitzeien fir iwwer d'Geschicht vum Kino hei zu Lëtzebuerg ze verzielen.
Song and Dance
De Musical "Song and Dance" vum brittesche Komponist Andrew Lloyd Webber gehéiert wuel net zu senge bekanntsten. Allerdéngs stiechen eng Partie Lidder eraus, déi haut zu de Klassiker gehéieren.