Radioen

On air

Concert  |  Melodië wéi an enger Oper

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 460 Lëtzebuerger Entreprise si potentiell vun US-Douanestaxe betraff

Wirtschaft

460 Lëtzebuerger Entreprise si potentiell vun US-Douanestaxe betraff

Zu Lëtzebuerg ginn et 460 Entreprisen, déi an d‘USA exportéieren an deemno potentiell vun den US-Douanestaxe betraff sinn. Dat geet aus enger parlamentarescher Fro ervir, an där d‘Piraten den Impakt vun den amerikaneschen Douanestaxen op Lëtzebuerg wollte wëssen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON
(Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON)

41 vun deene Betriber handele mat Wueren, déi an der amerikanescher Autosindustrie agesat ginn, an deemno vu 25 Prozent Taxe betraff wieren. Wéi héich den Impakt op d‘Lëtzebuerger Ekonomie ass, dat wëllen d‘Ministere Bettel, Roth an Delles net chiffréieren, well ze vill a komplex Facteure géife matspillen. Et wier awer manner wéi déi 0,98 Prozent vum PIB, déi e Wirtschaftsexpert vun der ING am Paperjam geschat hat.