Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnef israeelesch Zaldoten duerch eegen Truppen erschoss

Gaza

Fënnef israeelesch Zaldoten duerch eegen Truppen erschoss

Am Norde vun der Gazasträif goufe fënnef israeelesch Zaldoten erschoss an dräi goufe blesséiert. Dat duerch déi eegen Truppen. Si sinn duerch e sougenannt „friendly fire“ ëm d‘Liewe komm.

auto_stories

2 min

D‘Affer wiere vun aneren israeeleschen Zaldote fir arméiert Palestinenser gehale ginn, esou d‘Armei.

Den internationale Geriichtshaff zu Den Haag beschäftegt sech haut iwwerdeems erëm mat enger urgenter Demande géint Israel an der Militäroffensiv an der Gazasträif.

Den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag. | © picture alliance / NurPhoto | STR
Den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag. (Foto: picture alliance / NurPhoto | STR)

Südafrika fuerdert hei den direkten israeelesche Réckzuch aus Rafah. Et sinn zwee Deeg ugesat. Haut kënnt Südafrika zu Wuert, muer Israel, déi bis elo all Virwërf vun sech gewisen hunn.