Bei enger geziilter Kontroll vun engem Camion aus dem Ausland mat hirem Röntescanner an engem Drogenhond wieren am Total 42 Kilo vun der verbuedener Substanz entdeckt ginn. De Parquet huet ordonéiert, datt d’Droge beschlagnaamt goufen. D’Enquête leeft nach.
Bei enger weiderer Camionskontroll am Kader vun enger geziilter Kontrollaktioun am Mäerz, och mat engem speziell forméierten Drogenhond, goufen 12 Kilo Marihuana entdeckt, huet d’Douane gemellt. Och dës Droge goufe beschlagnaamt.