Radioen

On air

Resonanzen  |  Dialogs in Space

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ 60 Joer Schëfffaart op der Musel

Schëfffaart

60 Joer Schëfffaart op der Musel

De 26. Mee 1964 gouf d’Musel fir d’Schëfffaart opgemaach. Bei der Aweiung waren d’Grande-Duchesse Charlotte, den Däitsche Bundespresident Heinrich Lübke, an de franséische President Charles de Gaulle present. No engem Boom an den 90er Jore ginn haut nees vill manner Gidder transportéiert. 

auto_stories

2 min

D’Kanalisatioun, d’Schleisen an eng gréisser Waasserdéift hunn et de Schëffer erlaabt iwwert d’Musel Gidder ze transportéieren. Iwwer d’Moselkommission, déi 1956 gegrënnt gouf, gëtt et eng konstant Zesummenaarbecht tëschent den dräi Länner, Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg.

De Bilan iwwert déi 60 leschte Joren a punkto Transport Volume ass éischter mitigéiert. An de 70 Jore goufen eng 10 Milliounen Tonne Gidder iwwert d’Musel transportéiert, wärend enger Zäit goung den Tonnage erop, erkläert de Norman Gerhardt vum Bundesministerium für Digitales und Verkehr. An den 80er Jore koum nämlech de Verkéier aus der Saar dobäi.

An den 90er an 2000er Joer ass den Transport op 15 Milliounen Tonne geklommen. Domat war déi Zäit d‘Kapazitéitsgrenz och erreecht, präziséiert de Norman Gerhardt.

Réckgang vum Tonnage

Wéinst der industrieller Restrukturéierung a Frankräich gouf et awer bannent de leschten 10 Joer ee wesentleche Réckgang, ënnersträicht de Norman Gerhardt. Dat wier virun allem och op d‘Schwieregkeeten an der lothringer Industrie zeréckzeféieren. Och de Wee Richtung Klimaneutralitéit géif sech bemierkbar maachen.

„Sodass wir wieder auf dem Niveau von 8 bis 9 Millionen Tonnen und in guten Erntejahren noch 10 Millionen Gütertonnen liegen.”

Taxen op der Musel gi Mëtt 2025 ganz ofgeschaaft

Fir d’Attraktivitéit ze verbessere ginn d’Taxen ofgeschaaft, dat gouf an de leschte Joren esou vun den dräi Partnerlänner decidéiert.

D’Transportkäschten an der Schëfffaart, déi scho kompetitiv sinn am Verglach mat der Strooss an der Bunn sollen nach erofgedréckt ginn, erkläert den Norman Gerhardt.

Impakt vum Klimawandel

De Klimawandel huet virun Allem wéinst dem Rhäin een Impakt op d’Schëfffaart, präziséiert de Norman Gerhardt. D‘Musel hätt de Virdeel, datt se reguléiert ass. Dat ass beim Rhäin net de Fall. A wann do d‘Waasser ze niddereg steet, géif een dat och un den Häfen zu Amsterdam, Rotterdam an Antwerpe spieren.

Politik a Gesellschaft