9.6. Generatiounen

Vill Faarwen an de ganze Summer an der Bléi
D'Gazanie kënnt aus Afrika, an et gëtt se a ganz ville Varianten. D'Blieder erënneren e bësse u Gras, laang a schmuel Blieder, awer zur Spëtz hin ofgeronnt. Si sinn an deene méi heefege Variante sat donkelgréng, et gëtt der awer och am ganz blatzeg grénge bis blo-mofen. Et ass eng vun der Presidentin vun der Liga Gaart an Heem Martine Mergen hir léifste Blumm.
Musek fir d'Liewensqualitéit ze verbesseren
Zil vun der Fondation EME ass et alleguerten de Mënschen, déi allgemeng vum kulturelle Liewen ausgeschloss sinn, Accès zur Kultur ze ginn an domadder hiert d'Mënscherecht kënnen auszeliewen. Den Artikel 27 vum Mënscherechtsofkommes beseet nämlech ënner anerem, datt jiddwereen d'Recht huet um kulturelle Liewen vun der Societéit deelzehuelen a sech un der Konscht ze erfreeën.
Ersatz fir Zocker
Mat wat kann een den "normalen" Haushaltszocker ersetzen?
Net just fir Leit mat Diabetes ass ze vill Zocker, a besonnesch ze vill einfachen Zocker, net gesond.
"E mécht déck", soen déi eng. Dat ass awer nëmme bedéngt wouer, well all d'Zockeren, och d'Stäerkt, bréngen dem Kierper 4 Kcal op 100 Gramm. Et ass méi d'Kombinatioun vun einfachen Zockeren a Fett, wéi am Kuch, Kichelcher, Schockela an aner Séissegkeeten, déi ka schlecht Auswierkungen op eist Gewiicht an eis Gesondheet hunn. Awer och vill Zocker a flësseger Form, esou wéi een dat a Cola, Limonaden an anerem séisse Gedrénks fënnt, wierkt sech negativ op d'Gewiicht aus.
Causerie: Bernard Clavel
Am Juni 2002 war de franséische Schrëftsteller Bernard Clavel Invité beim Gilles Van Grasdorff fir seng Serie "Causerie". De Bernard Clavel, deen 2010 gestuerwen ass, huet vill geschriwwen: Romaner, Poesie an et goufen och Bicher vum him verfilmt wéi z. B. "L'Espagnol". De Gewënner vum Prix Goncourt huet och Kannerbicher geschriwwen, a wéi et dozou koum verzielt de Bernard Calvel
"Casta Diva"
Aus der Oper "Norma" vum Vinzenco Bellini.
Meeschtere vum Bel Canto waren ënner anerem de Gaetano Donizetti, de Gioacchino Rossini mee och de Vinzenco Bellini, dee mat senger Oper Norma e richtege Klassiker aus dem Opereberäich geschafen huet. D'Aire vun der "Casta Diva" gëtt haut nach benotzt a Publicitéiten oder Filmer.