Radioen

On air

Notturno  |  Allegra Krieger - Lingering

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Belarus sinn haut Gemengen a Parlamentswalen

Politik

A Belarus sinn haut Gemengen a Parlamentswalen

Et ass déi éiyschte Kéier datt an der fréierer Sowjetrepublik gewielt gëtt, no der ëmstriddener Presidentschaftswal am Summer 2020. Deemols haten honnertdausende Belarusse géint d‘Walmanipulatioun a fir e politesche Wandel an hirer Heemecht demonstréiert.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Russian Look | Maksim Konstantinov

D‘Protester ware bluddeg néiergeschloe ginn. Och de Vott haut gëllt als onfräi a manipuléiert. D‘Oppositiounspolitikerin Swetlana Tichanowskaja, déi vum belarussesche Staatschef Alexander Lukaschenko an den Exil gedriwwe gouf, huet zum Boykott vun de Walen opgeruff. Si huet an engem Videomessage op X och déi international Communautéit opgefuerdert, de Vott net als legitim unzeerkennen. D‘Swetlana Tichanowskaja war bei de Presidentiellen 2020 géint de Lukaschenko ugetrueden. Dem offizielle Resultat no hat si verluer, d‘Oppositioun huet si duerno als richteg Walgewënnerin déclaréiert. De Lukaschenko huet haut iwwerdeems annoncéiert, datt hien och bei den nächste Presidentschaftswalen 2025 op en Neits wëllt untrieden.