Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Weyes Blood - Everyday

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR-Nationalkongress: Schaarfen Toun a Warnunge virun illegaler Migratioun a Sozialismus

Politik

ADR-Nationalkongress: Schaarfen Toun a Warnunge virun illegaler Migratioun a Sozialismus

D’ADR huet sech gëscht op hirem Landeskongress eng nei Parteispëtzt ginn. D’Alexandra Schoos ass nei Parteipresidentin ginn. D’Deputéiert huet sech mat 72 Prozent géint de Laurent Gallinaro duerchgesat. Éischte Vizepresident gëtt den Dan Hardy, déi aner Vize-Presidente sinn d’Pierette Koehler, de Ramon Biermann an de Luc Martiny. Generalsektretär gëtt de Luc Reyter. Den aktuelle Fraktiounschef Fred Keup hat net méi fir de Poste vum ADR-President kandidéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Ana Angel

An de politesche Rieden huet d’ADR sech knapp dräi Méint virun den Europawale géint eng illegal Immigratioun a géint, wéi si soen, lénk, gréng a rout Parteie geriicht. De Fred Keup huet a senger Ried méi wéi eng Kéier behaapt, déi Parteie wéilten déi europäesch Geschicht ëmschreiwen.

„Hir Schlagwieder si bëlleg. Si schwätze vu Kolonialismus, vu gefillten Diskriminatiounen, déi se iwwerall gesinn a sou weider. An et geet hinnen am Endeffekt just em eppes: ëm Scholdzouweisungen. Si mengen, si wiere quasi eng nei Relioun, déi de Leit d‘Lewitte liese misst, an zemools hirem gréisste Feindbild: Den ale wäisse Mann. Hie kennt an hire fanatesche, geckegen a scho mat enger Schold op d’Welt, et ass eng nei Erbsünde, déi erfonnt ginn ass.“

Eent vum Fred Keup senge Feindbiller war déi gréng Deputéiert Sam Tanson. Si sollt mat zwee Féiss um Buedem bleiwen, a sech zeréck halen, huet de Fred Keup gemengt.

D'ADR warnt virun illegaler Migratioun

Och de Spëtzekandidat fir d’Europawalen an aktuellen Deputéierte Fernand Kartheiser huet um Landeskongress geschwat. A sengen Aen wier Schengen duerch déi illegal Immigratioun a Gefor.

"Wann ee well, datt legal an Europa agereest gëtt an datt just déi kënne kommen, déi Schutz verdéngen, an deen och gär kréien, da muss ee Parteie wielen déi dat soe wat mir wëllen a wat mir soen: ‚mir wëlle keng illegal Immigratioun, mir toleréieren se net‘.“

Och déi europäesch Grenze misste geschützt ginn, esou nach de Fernand Kartheiser. Hien huet der virechter Regierung virgeheit, Geschäfter mat Schleiser um Mëttelmier gemaach ze hunn.

Souwuel de Fernand Kartheiser, wéi och de Fred Keup, sote sech iwwerzeegt, datt d’ADR den 9. Juni e Sëtz am Europaparlament wäert kréien.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen