Radioen

On air

De Weekend  |  Schengen-Kodex: Wéi laang dierf Däitschland Grenzkontrolle maachen?

play_arrow Live
search

/ AfD mécht Plainte géint den däitsche Verfassungsschutz

Als geséchert rietsextremistesch agestuuft

AfD mécht Plainte géint den däitsche Verfassungsschutz

En entspriechend Schreiwes wier schonn un d‘Verwaltungsgeriicht geschéckt ginn, heescht et vum Spriecher vun der Parteicheffin Alice Weidel. Leschte Freide gouf d‘AfD vum däitsche Verfassungsschutz als geséchert rietsextremistesch agestuuft. D‘Partei hat d‘Autoritéit opgefuerdert, dëst bis haut, Méindeg de Moien 8 Auer nees zeréckzezéien, soss géif d‘AfD eng scho preparéiert Plainte areechen. De Verfassungsschutz huet Aussoen vun der AfD ni dodrop geäntwert.

auto_stories

1 min

Mat dëser Plainte probéiert d‘Partei der Autoritéit geriichtlech ze verbidden, d‘AfD als geséchert rietsextreem Beweegung anzeuerdnen, ze observéieren, ze behandelen, oder z‘iwwerpréiwen.

Dës Astufung wier gesetzeswiddreg, sou nach d‘Kritik vun der AfD.