Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Police kéint de provisoresche Camp ënnert dem Pont Adolphe opléisen

ASBL Passerell

D'Police kéint de provisoresche Camp ënnert dem Pont Adolphe opléisen

Knapp zwou Woch ass et hier, datt e puer jonk Asyldemandeuren ënnert dem Pont Adolphe an der Stad hir Zelter opgeschloen haten, well si den Ament keng Plaz an den Accueil-Strukture kréien. E Freide war et nach eng hallef Dosen, confirméiert d‘Direktesch vun der ASBL Passerell, déi juristeschen an administrative Bäistand am Asylrecht leescht. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Zanter dem 23. Oktober kréien erwuesse männlech Asyl-Demandeuren, déi schonn an engem aneren EU-Land registréiert sinn an eleng op Lëtzebuerg kommen, net méi automatesch Plaz an enger Struktur, mee kommen op eng Waardelëscht.

Den Undrang bei der ASBL ass grouss

Dat, well d'Hebergements-Strukture fir Refugiéen iwwerlaascht wieren, esou d‘Begrënnung vum Ausseministère fir dës Ännerung an der Asylpolitik. Zanterdeem wiere ronn 25 Asyl-Demandeuren u Passerell erugetrueden, déi op der Sich no engem Hebergement wieren, seet d’Direktesch, Marion Dubois.

"En fait elles doivent aller quotidiennement vérifier auprès du ministère. Il y a une liste qui est mise à jour chaque jour pour voir si un hébergement leur a été attribué. Ce qui fait que les personnes qui étaient à la rue lundi dernier ne sont toutes plus maintenant, mais certainement dans un hébergement. D’autres ne l’ont pas eu."

An déi iwwernuechte fir de Moment weider ënnert der Bréck bis eng Plaz an engem Foyer fräi gëtt. An e puer Deeg kéint dat awer eriwwer sinn, mengt d’Direktesch vu Passerell. Der Associatioun wier haut zu Ouere komm, datt d’Police de provisoresche Camp ënnert der Bréck eventuell an den nächsten Deeg wéilt opléisen, esou d’Marion Dubois.

Stëmm vun der Strooss: 400 Moolzechte pro Dag

Wou déi Betraffen da sollen ënnerkommen, wier onkloer. Eng Léisung fir d‘Nuecht am Waarmen ze verbréngen ass d’Wanteraktioun, déi de 15. November opgeet. Mee:

"La crise du logement, le sans-abrisme, ça ne touche pas que les demandeurs d’asile. Ça touche une population bien plus large. Et on s’attend à ce que le nombre de personnes qui fassent appel à cette structure augmente et que peut-être il n’y a pas de place pour tout le monde. Donc, oui on les redirigera, en espérant que tout le monde aura une place, mais ça, on n’a pas la certitude."

Eng gratis waarm Moolzecht kënnen déi betraffen Asyl-Demandeuren sech bei d‘Stëmm vun der Strooss siche goen. An de leschte Méint wier d’Zuel u Leit, déi bei d’Stëmm vun der Strooss iessen, enorm an d’Luucht gaangen, seet hire Spriecher, Bob Ritz.

"Wou mir d’lescht Joer ëm déi 250 bis 300 Iessen den Dag haten zu Hollerech, si mir elo awer bei bal 400. Dat heescht et platzt am Fong aus allen Néit. Dat heescht, mir sinn déi ganzen Zäit op der Sich, wat mir kënne maachen, fir datt jiddereen eppes ze iesse kritt."

Esou leeft um Dënschdeg ënnert anerem ee Partenariat mat der International School vu Märel un. D’Stëmm vun der Strooss soll dräi mol d’Woch 30 Kilo Iessen aus hirer Kantin kréien, dat deen Dag Recht bliwwen ass. 

Lauschterenplay_arrow