Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Concert Euroradio

play_arrow Live
search

/ Äddi, Natioun!

Fräie Mikro

Äddi, Natioun!

D’Lëtzebuerger Natioun gouf historesch konstruéiert a gefestegt ënner anerem duerch eng Erweiderung vun hirer sozialer Basis. Eng klientelistesch an onsozial Politik féiert haut am Géigendeel zur Dekonstruktioun vun där Natioun, seet den Historiker Denis Scuto a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Denis Scuto | © Jo Diseviscourt play_arrow

Soziologie ass eng wichteg Humanwëssenschaft, well gesellschaftlech Fakten eist ganzt Liewe beaflossen. Och wann d’Soziologe komplizéiert Begrëffer benotzen. Ethnozentrismus ass een dovunner. Ethnozentrismus nennt een déi Haltung, bewosst oder onbewosst säin eegene Grupp an den Zentrum ze stellen. Dat heescht dovun auszegoen, datt déi Aner sou sinn oder misste funktionéiere wéi den eegene Grupp. Dat heescht d’Liewe vun Aneren ze interpretéieren an ze jugéieren andeems ee vun den eegene Referenzmodeller ausgeet.

"Dat sinn der net sou vill"

Mam Ethnozentrismus vu Lëtzebuerger Politiker oder awer vu Memberen aus der wuelsituéierter Lëtzebuerger Mëttelschicht gouf ech an der Lescht méi wéi eemol konfrontéiert. All Kéiers wann ech op enger Table ronde oder awer am private Gespréich op déi vill Mënschen higewisen hunn déi hei am Land nëmmen de Mindestloun bezéien, krut ech als Äntwert, datt et der net souvill sinn.

An hirem Ethnozentrismus ass et fir si net virstellbar, datt et vill Leit ginn, déi zu Lëtzebuerg schaffen a wéineg verdéngen. Datt et Leit gëtt deenen et materiell net sou gutt geet wéi hinnen. Carrement onméiglech schéngt hinnen, datt ënnert dëse Mindestlounbezéier och Lëtzebuerger wieren.

Ënnert dem Seuil zum Aarmutsrisiko trotz Vollzäitaarbecht

Erlaabt mer hinnen eng kleng Lektür ze recommandéieren. Si heescht “Portrait de la population au salaire minimum », eng Publikatioun déi d’Chambre des salariés am Oktober 2023 erausginn huet. Eng Zuel fir unzefänken : 15 Prozent vun de Salariéen am Privatsecteur gi fir de Mindestloun schaffen. Dat sin 66.000 vun 440.000 Salariéen.

Wann een dës Statistik a puncto net-qualifizéierte Mindestloun no Geschlecht an no Nationalitéit opfächert, stellt ee fest, datt bei de Männer d’Lëtzebuerger a bei de Fraen d’Portugisinnen iwwerrepresentéiert sinn. D’Lëtzebuerger Männer stellen a puncto Nationalitéit e Véierel vun de Salariés déi just den net-qualifizéierte Mindestloun kréien, geneesou wéi bei de Frae portugisesch Salariéen e Véierel duerstellen. D’Studie weist weider, datt dës Mënschen ënnert dem Seuil de risque de pauvreté leien, souguer wa se full-time schaffen.

Dës Realitéite gi vu Politiker a Politikerinnen déi an der Regierung, an der Chamber an an de Schäfferéit iwwer Wirtschafts-a Sozialpolitik richtungsweisend Decisiounen treffen, wéi mer déi lescht Méint gesinn hunn, net nëmmen an hirem Ethnozentrismus niéiert. Si ënnerhuelen net nëmmen näischt géint Aarmut, mee si versichen nach dobäi déi vulnerabelste Mënschen ënnert eis ze invisibiliséieren.

Klientelistesch Finanzplaz

Als Historiker hunn ech a menge Fuerschungen a Publikatioune versicht ze weise wéi Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert vun engem Staat deen eng diplomatesch Kreatioun “sur des pieds d’argile” war zu engem international akzeptéierten Nationalstaat ginn ass duerch eng ganz Rei Integratiounsprozesser.

Ee ganz wichtege war de sozialen Inklusiounsprozess vun de populäre Schichten, vun den Aarbechter a Baueren, Männer a Fraen, an d’Lëtzebuerger Natioun. Mir erliewen haut de Géigendeel, wéi Lëtzebuerg duerch sozial Exklusiounsprozesser am gaangen ass zu enger klientelistescher Finanzplaz ze regresséieren. Haut gëtt eng ethnozentresch an elektoral rentabel Politik am Interesse vu priviligéierte Schichte bedriwwen. Dat erënnert un d’censitairt Lëtzebuerg aus dem 19. Joerhonnert. Virun allem huet et mat enger Natioun als solidaresche Géigewaarts- an Zukunftsprojet vun a fir Bierger a Biergerinnen näischt méi ze dinn.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.