Um 1. Prozessdag sinn um Dënschdegmoien Expertinnen an Experte gehéiert ginn, dorënner eng Geriichtsmedezinnerin. Si hat an hirer Autopsie ënner anerem Spuere vu Gewalt um Hals festgestallt, wat zum Doud duerch Erstécke gefouert hätt.
E Streit wier eskaléiert
Den Ugekloten huet um Ufank vun der Sëtzung betount, den Doud vum Papp net gewollt ze hunn. Et wier am Sträit dozou komm. E puer Méint virdru wier d’Adoptivmamm gestuerwen an du wier “dat mat mengem Papp geschitt” sot den Ugekloten. Wouropshin d’Presidentin vum Geriicht vu Verharmlosung geschwat huet a sot hien hätt dat ze veräntwerten. Fakt wier, datt de Beschëllegte säi Papp dout gemaach hätt, sou d’Riichterin. Doropshin huet den Ugekloten erkläert, et géif him leed doen, dat wier net säin Zil gewiescht, mee hien hätt sech mat sengem Papp an d’Hoer kritt. Am Sträit wier et ëm seng Mamm gaangen.
Methadon, Kokain an Alkohol konsuméiert
Fir zwee Psychiateren ass de Beschëllegten net krank. Hien hätt seng Mamm idealiséiert an de Papp als Rival der Mamm géintiwwer ugesinn. Dat huet ee vun hinne festgehalen. Deen anere sot, um Dag vun der Dot hätt den Ugeklote Methadon a Kokain geholl an Alkohol gedronk. En hätt mam Papp geschwat, mee d’Stëmmung wier gekippt, well de Papp a sengen Aen net richteg ëm d’Mamm getrauert hätt. Wouropshin hien de Papp an de "Schwitzkasten" geholl hätt, awer net, fir en z’erwiergen. De Papp wier doropshi gefall an hätt sech net méi beweegt. Hien hätt sech der Police awer net wëlle stellen, sou de Fils, well hie säi Liewen net hätt wëlle verléiere wéinst eppes, wat hien net hätt wëlle maachen.
Aveu no Ausso vun der Frëndin
D’Police judiciaire gouf no der Autopsie vum Affer mat enger Enquête befaasst, well en onnatierlechen Doud festgestallt gi wier. Dem zoustännegen Enquêteur no hätt en Noper um Owend vun der Dot no engem Sträit e Geräisch héieren, wéi wann eppes Schwéieres op de Buedem gefall wier. Dee Moment wier keen aneren an der Wunneng gewiescht, wéi de Beschëllegten a seng Frëndin. No hirer Interpellatioun hätt d’Frëndin ausgesot, de Mann hätt säi Papp erwiergt. Doropshi wier et zum Aveu vum Mann komm.
Dëse Prozess geet um Mëttwochmëtte virun.