Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alexandra Oxacelay: "Ech fannen et feig wann een anonym eppes erausgëtt"

Anonyme Bréif vu Soazialaarbechter:innen

Alexandra Oxacelay: "Ech fannen et feig wann een anonym eppes erausgëtt"

Et ass onkloer wéi representativ den anonymme Bréif ass, an deem gëschter Sozialarbechter:innen anonym déi prekär Situatioun vun den sans abris denoncéiert hunn. D‘Direktrice vun der Stëmm vun der Strooss fënnt et feig, eppes anonym erauszeginn.

auto_stories

1 min

Weder d‘Presidentin vun der entente des offices sociaux Ginette Jones, nach d‘Direktesch vun der Associatioun Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay wëssen, vu wiem genee dëst Schreiwes kënnt.

Et ass och net gewosst wéi vill Persounen derhannert stinn. D‘Alexandra Oxacelay confirméiert zwar, datt d‘Situatioun um Terrain eescht ass, mee dat wier näischt Neies. Si kann net ganz novollzéien, firwat d‘Auteuren anonym bleiwe wëllen. Si kéint verstoen, firwat d‘Leit net wéilte géint hir Patronen oder Ministère goen, vun dem se finanzéiert ginn. An engem grousse Grupp wier dat awer eng aner Saach.

An et wier een net feig, an et géif ee wierklech soe wéi d‘Saache sinn, da wier jo do ee méi klenge Risiko, also ech mengen net dat dann do ee Risiko wier. Wann ee sech zu puer Associatiounen sech géif zesummendoen an dann déi selwecht Sprooch géif schwätzen an déi selwecht Revendicatiounen hunn.

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft