Radioen

On air

Notturno  |  Will Sheff - Estrangement Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Lycée Ermesinde goufen Impfunge géint de Bloen Houscht ugebueden

Santé

Am Lycée Ermesinde goufen Impfunge géint de Bloen Houscht ugebueden

D’Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère war gëschter um Mëttwoch am Lycée Ermesinde zu Miersch fir d’Impfung géint de Keuchhusten – och Bloen Houscht oder Coqueluche genannt - unzebidden. Dat, well dëst Joer scho siwe Fäll vu Keuchhusten an der Schoul gemellt gi sinn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Lycee Ermesinde | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Wann d’Kanner dann elo hire Rappell vun der Impfung géint de Keuchhusten gemaach kréien, kéint déi séier Verbreedung vum Mikrob gebremst ginn, erkläert Dr. Anne Vergison. 35 Schoulen uechter d’Land hunn dëst Joer op mannst ee Fall vu Keuchhusten gemellt. Dat ass duerchaus méi ongewéinlech. Grouss Suerge misst een sech awer net maachen, esou d’Anne Vergison.

"Dans notre population qui est globalement bien vaccinée chez des gens qui ont eu des vaccins, ça ne va pas donner quelque chose de très grave. La coqueluche en général Avant c’était une maladie très grave chez les enfants en âge d’être à l’école primaire. Depuis qu’on a la vaccination, on a vu autre chose et la coqueluche est surtout dangereuse pour les tout petits enfants qui n’ont pas encore l’âge d’avoir reçu leur vaccination."

Coqueluche: Geféierlech fir déi kléng Kanner

D’Impfung muss am Alter vu 15 oder 16 Joer widderholl ginn, a bei verschiddene Kanner wier dee Rappell net geschitt, erkläert Dr. Anne Vergison vun der Inspection sanitaire. Et géif awer kee Grond ginn, besuergt ze sinn, well de Gros vun der Populatioun ze Lëtzebuerg geimpft wier. Fir ganz kléng Kanner, déi d’Impfung nach net kruten, ass d’Coqueluche awer geféierlech, erkläert d’Anne Vergison nach weider.

Dofir géif si d’Impfung vu schwangere Frae recommandéieren, esou d’Anne Vergison. Domat wieren d’Puppelcher nämlech déi éischt Méint vun hirem Liewen immun, bis se selwer kënne geimpft ginn. Vill Frae wären awer grad wärend der Schwangerschaft virsiichteg mat Impfungen. 

D'Auswierkunge vun der Coronapandemie

Et wier net op ee bestëmmte Grond zeréck ze féieren, wisou grad elo sou vill Fäll gemellt ginn, mee et géife gläichzäiteg méi Faktore spillen. Ënnert anerem nach ëmmer d’Auswierkunge vun der Corona-Pandemie:

"Pendant la pandémie les gens ont moins été vaccinés en particulier pour des rappels. Et on n’a pas mesuré ça. On sait qu’au Luxembourg les soins de santé ont été bien maintenus, mais pour tout ce qui est prévention, là on sait quand même que les gens ont été moins chez le médecin pour la prévention, y compris le rappel de la vaccination."

Zanter der Pandemie géifen d’Dokteren och méi Diagnostike stellen, well d’PCR-Tester sech bewisen hätten.

"Depuis on sait aussi que d’autres tests sont faits plus régulière, en particulier le test pour diagnostiquer la coqueluche."

Dofir kéint déi Hausse vun de Fäll vum bloen Houscht och domat ze dinn hunn, datt d’Krankheet méi séier entdeckt gëtt, esou nach d'Anne Vergison.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet