Radioen

On air

Notturno  |  Will Sheff - Estrangement Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng kritiséieren néi Reegelung fir Petitiounen

Chamber

déi gréng kritiséieren néi Reegelung fir Petitiounen

Déi gréng kritiséieren an engem Communiqué, datt d‘CSV/DP Regierung decidéiert huet, datt eng Petitioun an Zukunft 5.500 Ënnerschrëfte brauch fir ëffentlech ugehéiert ze ginn. Dat sinn 1.000 Ënnerschrëfte méi, wéi bis elo.

auto_stories

1 min

Foto: archiv

Domadder géifen d‘Regierungsparteien nach eemol weisen, datt si keng Loscht op Biergerbedeelegung hunn, heescht et vun déi gréng.

Am Sëtzungsjoer 2022-2023 wier et der Chamber no, bei 400 Petitioune grad mol zu 13 ëffentlechen Unhéierunge komm. Sech ee mol am Mount Zäit fir d‘Suerge vun de Bierger ze huele, sollt fir d‘Volleksvertrieder net ze vill verlaangt sinn, ass d'Kritik.

Duerch d‘Erhéijung vun den Ënnerschrëfte, géif d‘Barrière fir den Dialog méi héich gesat ginn, an d‘Chamber géif eng wäertvoll Quell fir den direkten Austausch ewech geholl kréien.