Radioen

On air

Owesconcert  |  Vies d'artistes: Rachmaninoff & Berlioz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An den nächsten 10 Joer gi 50 nei Aarbechtsdoktere gebraucht

Santé

An den nächsten 10 Joer gi 50 nei Aarbechtsdoktere gebraucht

Et ginn ze wéineg Aarbechtsdokteren hei am Land. Dat weisen d‘Zuelen déi d‘Gesondheetsministesch an enger parlamentarescher Fro oppe geluecht huet.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

102 Aarbechtsdoktere ginn et den Ament wouvunner der 8 schonn am Pensiounsalter sinn. An den nächsten 10 Joer kommen nach eemol 23 Dokteren dobäi déi kéinte pensionéiert ginn. Deemno géifen dann 38 Aarbechtsmedezinner feelen.

Dem Ministère no braucht Lëtzebuerg an den nächsten 10 Joer op d‘Mannst 50 nei Aarbechtsmedezinner fir dem Besoin gerecht ze ginn.