Radioen

On air

Notturno  |  Possum - Clarified Budder

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Aus der Däischtert Schéinheet spannen

Album vun der Woch

Aus der Däischtert Schéinheet spannen

D’Beth Gibbons kennt ee virun allem als Stëmm vun der brittescher Trip-Hop-Band Portishead, déi mat hirem Sound d’1990er gepräägt hunn. 2002 huet si zesumme mam Peter Webb vun Talk Talk déi wonnerschéi Plack “Out Of Season” opgeholl. Mat “Lives Outgrown” presentéiert si elo endlech en éischte Solo-Album.

auto_stories

3 min

Foto: Netti Habel

Zéng Joer huet d’Beth Gibbons un den zéng Lidder geschafft, déi op “Lives Outgrown” ze fanne sinn. Dat léisst schonn dorop schléissen, dass den Aarbechtsprozess wuel keen einfache war. Ëm Dout, Verloscht, Vergänglechkeet geet et an den Texter, déi an Arrangementer agebett ginn, déi genee esou opulent wéi experimentell sinn.

Menopause - kee Tabuthema

“People started dying” huet d’Beth Gibbons an engem Interview erkläert, wéi si no der Inspiratioun fir dat aktuellt Wierk gefrot gouf. An “Burden of Life” beschreift si ganz bildlech a beréierend de Moment wann ee realiséiert, dass een d’Onbeschwéiertheet vun der Kandheet net méi erëmfanne kann. Och hir Menopause thematiséiert déi mëttlerweil 59-järeg Musekerin, zum Beispill am Titel “Oceans” an deem et heescht: “Bold ovulation, but no, baby, me
And my heart was tired of mourn.”

Si bitt dann och kee falschen Trouscht un, mee probéiert aus der Däischtert Schéinheet ze spannen. Wéi bei Portishead iwwerweien och hei d’Mineursakkorden, mee wann dann awer emol e Majeursakkord duerchbrécht, dann ass dat kombinéiert mat der Beth Gibbons hirer ausdrocksstaarker Stëmm e ganz besonnesche Moment. Sou zum Beispill an engem vun de stäerkste Stécker, “Lost Changes”, dat am Ufank “Drive” vu R.E.M. zitéiert, an dann op eemol zu engem ganz grousse Refrain usetzt.

Keng Plack fir niewebäi ze lauschteren

D’Orchestratioun arrangéiert sech ganz ronderëm der Beth Gibbons hire Gesang, deen ëmmer e bësse kléngt wéi aus enger anerer Zäit. D’Gittare gräifen aneneen, an déi ganz ofwiesslungsräich Perkussiounen pulséieren nervös. Wéineg klassesch Batterie héiert een hei, dofir awer Gerësels a mat Bommele gespillten Tommen, kromm Rhythmusse wéi op “Rewind”, déi un d’Aarbecht vun engem Tom Waits erënneren. Déi omnipresent Sträicher ginn net agesat fir op d’Emotioun nach eng Couche Kitsch ze tässelen, am Géigendeel: Si tierkelen, sinn ëmmer um Punkt fir aus dem Gläichgewiicht ze geroden, kommen an d’Rutschen a fänken sech awer erëm.

 

Produzéiert huet “Lives Outgrown” de James Ford, bekannt als Deel vu Simian Mobile Disco oder de Last Shadow Puppets. Hie souz och fir de leschte Blur-Album “The Ballad of Darren” hanner dem Mëschpult, genee wéi fir “Memento Mori” vun Depeche Mode aus dem Joer 2023. Hien huet also schonn Erfarungen domat, fir Vergänglechkeet am Musek ze iwwersetzen.

“Lives Outgrown” ass keng Plack fir niewebäi ze lauschteren, éischter eng Zort Liewenswierk, deem ee sollt déi entspriechend Opmierksamkeet ze widmen. “Do not go gentle into that good night” huet den Dichter Dylan Thomas iwwer den Dout vu sengem Papp geschriwwen, “rage, rage against the dying of the light”. Der Beth Gibbons geléngt dat hei op beandrockend Manéier. 

 

Musek