Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BENU Village: Hannert de Kulisse vun enger Stee

Den Hallwer Néng

BENU Village: Hannert de Kulisse vun enger Stee

D’Escher Ökoduerf BENU huet Enn d’lescht Joer faillite gemaacht. Dat wat nach dovunner iwwereg ass, gëtt elo versteet. Wéi leeft esou eppes of? Mir kucken hanner d’Kulissen.

auto_stories

5 min

headphones

20 min

Benu Stee | © Etude Tapella-Nilles play_arrow
Fotoen: Etude Tapella-Nilles

Am Restaurant vum fréiere BENU Village schéngt d’Zäit stoe bliwwen ze sinn. D’Dëscher a Still stinn nach alleguerten do, a sinn deelweis nach mat Couverten an Zerwéite gedeckt. Et sinn awer just puer vun den Objeten, déi haut um Donneschdeg zu Esch versteet ginn.

Vun Tellere bis Holzseeën

D’Nanou Tapella ass Dierwiechterin an zoustänneg fir dës ëffentlech Stee. Méi genau handelt et sech ëm eng ‘liquidation judiciare’. No der Faillitte vun der BENU ASBL huet d’Geriicht ee Liquidateur genannt, dee sengersäits der Nanou Tapella den Optrag ginn huet, eng Stee ze organiséieren.

D’Objeten, déi een ersteeë kann, si villsäiteg: Vun Telleren an Dëscher bis hin zu groussen Holzseeën aus dem Schräineratelier. D’Objete sinn all nummeréiert an engem Lot zougedeelt. Objeten, déi zu engem Lot gehéieren, droen déi nämmlecht Nummer. Wann een da beispillsweis op d’Nummer 5 steet, kritt een alles, wat mat der Nummer 5 gekennzeechent ass.

Wéi eng Leit kommen op Steeën?

Mee wien dierf iwwerhaapt un dëser Stee deelhuelen? Jiddereen, dee Loscht huet, seet d’Nanou Tapella. Et bréicht een ufanks just eng Carte d’identité virzeweisen. Et si ganz verschidde Leit, déi un der Stee deelhuelen, erkläert d’Dierwiechterin. Privatleit, déi villäicht een neie Frigo sichen. Vertrieder vun Entreprisen, déi eventuell grouss Maschinnen opkafe wëllen. Oder och Händler, déi hoffen, ee gudden Deal ze maachen. Dat ass dann effektiv och gutt méiglech, well et op deene meeschten Objete kee Mindestpräis gëtt.

Zu gudder Lescht mësche sech awer och ëmmer nees Leit ënner d’Visiteuren, déi net wëlles hunn, eppes ze ersteeën, mee einfach just virwëlzeg sinn.

D’Nanou Tapella erzielt, datt een ni weess, wéi vill Leit optauche wäerten, well ee sech net umelle muss. Et kënne 50 Leit sinn, déi awer net vill kafe wëllen. Oder just 5, vun deenen awer jidderee vill Sue bitt. Schlussendlech ass dat och d’Zil vun der Dierwiechterin: Vill Suen erakréien. Dëst ass quasi den Optrag, dee si vun der Liquidatrice oder dem Liquidateur kritt huet. Mat de Suen, déi erakommen, mussen nämlech oppe Rechnunge beglach ginn.

Mee wat geschitt, wa Leit eng Offer maachen, déi si duerno net bezuele kënnen? D’Nanou Tapella erkläert, datt ee bei héije Präisser een Acompte bezuele muss. Kéim de Keefer oder d'Keeferin den Objet trotzdeem net sichen, muss eng zweet Stee organiséiert ginn.

D'Gemeng Esch wäert gespaant nokucken 

Een, deen dës Stee gespaant verfollege wäert, ass den Escher Buergermeeschter Christian Weis. D’Escher Gemeng hat vill Suen an de Projet gestach. De Christian Weis mécht sech awer keng Hoffnungen, vill Suen erëmzekréien. Am Géigendeel: Et wäerte weider Käschten op d’Gemeng duerkommen, fir de Site nei ze amenagéieren. Eng 130.000 Euro kéinten dat sinn.

Ausgebrannte Containeren am BENU-Village. | © Morgane Weidig
Ausgebrannte Containeren am BENU-Village. (Foto: Morgane Weidig)

No der Stee muss ee kucken, wat nach alles iwwereg bleift, erkläert de Christian Weis. Fënnt sech nämlech beispillsweis ee Keefer fir d’Kichen, da brauch ee scho mol kee Restaurant ze plangen. Et wäert och musse gekuckt ginn, a wéi engem Zoustand de Rescht vun der Infrastruktur nom Brand ass, deen d’lescht Joer do ausgebrach war. All dat definéiert, wéi ee Projet een an Zukunft um Site realiséiere kann.

D'Zukunft vum fréiere BENU Village

Dono gëtt een Appel aux candidatures gemaach, wou Associatiounen oder aner Träger ee Projet fir de Site kënne presentéieren. De Christian Weis huet och confirméiert, datt d’Gemeng gären hätt, datt den neie Projet och an der Iddi vum BENU Village weiderfiert. Et soll sech also ëm d’Ekonomie circulaire an nohalteg Aktivitéiten handelen.

Den Escher Buergermeeschter huet och duerchblécke gelooss, datt sech scho vill interesséiert Leit bei der Gemeng gemellt hätten: Kleng Initiativen, nei gegrënnten Associatiounen, staatlech Träger, an och gréisser Organisatiounen. De Christian Weis kéint sech och virstellen, datt an Zukunft eventuell zwou bis dräi Träger zesummen existéiere kéinten. Mee och dat hänkt alles vun der Stee of.

Lauschterenplay_arrow