Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bad Bunny - DtMF

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bal 682.000 Awunner op den 1. Januar 2024

STATEC

Bal 682.000 Awunner op den 1. Januar 2024

D‘Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst manner séier. Dat well manner Kanner op d‘Welt kommen, a well d‘Immigratioun zréck geet, esou de STATEC.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Christoph Reichwein
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)

D‘Awunnerzuel zu Lëtzebuerg louch Ufank 2024 bei 681.973: dat waren 1,5 Prozent méi, wéi am Januar 2024, an ee vun den niddregste Wuesstemstauxen aus de leschten 10 Joer.

De STATEC analyséiert:

“La fécondité des femmes luxembourgeoises est particulièrement basse et se rapproche du seuil d’un enfant par femme (1,12 enfant par femme en 2024). Cet indicateur diminue également pour les femmes étrangères bien que leur niveau de fécondité soit supérieur (1,41 enfant par femme) à celui des femmes luxembourgeoises.”

1,25 Kanner pro Fra

6.459 Bëbeeë goufen zejoert zu Lëtzebuerg gebuer. De sougenannten „konjunturellen Fruchtbarkeets-Indicateur“ louch mat 1,25 Kanner pro Fra um selwechten historeschen déiwen Niveau wéi schonn 2023, mellt de STATEC.

© STATEC
(Foto: STATEC)

Solde naturel vun 1.988

Wat d‘Stierffäll ugeet, sinn zejoert 4.471 Leit zu Lëtzebuerg gestuerwen: Dat war eng Hausse vu 0,9 Prozent am Verglach zum Joer virdrun.

D‘Liewenserwaardung louch bei 85,3 Joer fir d’Fraen, a bei 81,2 Joer fir d’Männer.

Solde migratoire vun 9.281

25.725 Leit sinn d’lescht Joer op Lëtzebuerg immigréiert. Ee Minus vu 4,6 Prozent am Verglach mat 2023. 16.444 Leit sinn an d’Ausland geplënnert (-0,9 Prozent). Dat mécht ee Solde migratoire vun 9.281 am Joer 2024.

De STATEC stellt och fest:

“Quant aux Luxembourgeois, ils sont de plus en plus nombreux à quitter le territoire, entraînant ainsi un solde migratoire négatif de -1 516 (-1 282 en 2023) : 1 830 immigrants luxembourgeois pour 3.346 émigrants luxembourgeois.”