Engersäits wëllt de Conseil de l'ordre vum Barreau, datt d'Lëtzebuerger Regierung intervenéiert. Anerersäits ginn d'Affekoten drun erënnert, datt zu Lëtzebuerg Gesetzer gëllen am Beräich vun Inclusioun, Diversitéit a Gläichstellung.
Verschidden Affekoten hei am Land, déi mat den USA ze dinn hunn, haten nämlech e Bréif aus den USA kritt, dee si opfuerdert sech un déi nei US-Reegelen ze hale wat Inclusioun, Diversitéit a Gläichstellung ugeet. All eege Politik déi méi wäit geet wéi d'US-Politik sollt gestoppt ginn, esou d'Opfuerderung.
De Bâtonnier huet elo all Affekoten, déi esou e Schreiwes kritt hunn opgefuerdert en ze kontaktéieren. Dobäi wier all Affekot fräigestallt d'Dokument ze ënnerschreiwen oder net, mee eng falsch Deklaratioun sollt een awer evitéieren, esou den Appell. E Büro, deen also eng eegen Inklusiouns- an Diversitéitspolitik huet, esou wéi de Lëtzebuerger Staat dat fuerdert, dee sollt d'Dokument vun den USA net ënnerschreiwen. Parallel misst den Affekot zu all Moment sécherstellen, datt en onofhängeg bleift, och vis-à-vis vu sengem Client.
Den Ordre des avocats vum Barreau Lëtzebuerg ënnersträicht dann nach, datt een en diversifiéiert an inklusiivt Aarbechtsëmfeld géif favoriséieren, Diskriminéierung géif a kenger Form toleréiert ginn. Dem Lëtzebuerger Recht no wiere positiv Aktioune vis-à-vis vun engem ënnerrepresentéierte Geschlecht ausdrécklech erwënscht, esou de Barreau.