Nodeems Qualia, 9 Persounen aus dem Verwaltungsrot, der Direktioun an der Ekipp vum MUDAM consultéiert huet, kënnt de Rapport zur Conclusioun, datt d’Gouvernance vum Musée op allen Niveaue muss fundamental iwwerschafft ginn. D’Rollen an d’Responsabilitéite vum Kulturministère, dem Verwaltungsrot an der Generaldirektioun misste formaliséiert ginn. Dono misst weider un der Struktur vun der Organisatioun geschafft ginn, an déi concernéiert Leit missten eng konstruktiv Approche wierfelen, mat engem strukturéierten Dialog op allen Niveauen. Och d’Kompetenze vun der Management-Equipe misste weider entwéckelt ginn, esou eng Recommandatioun.
Konflikter op e puer Niveauen
Am Rapport heescht et, et géife Konflikter op méi Niveaue ginn: An der Gouvernance, déi och géif vun der Politik beaflosst ginn, an op strategeschem wéi tëschemënschlechen Niveau.
D’Berodungsfirma Qualia schreift, d’Schwieregkeeten déi ee festgestallt hätt, hätten duerchaus en Afloss op de Fonctionnement vum Musée. D’Generaldirektioun wier net méi gëeent fir kënnen eng gesond Autoritéit auszeüben, wat beim Personal zu sérieuxe Schwieregkeete géif féieren Duerch d’Tensioune géif d’Hierarchie ëmgaange ginn. Dëst géif zu Konfusiounen an engem Mangel un Effizienz féieren.
Emotional Belaaschtung fir d'Mataarbechter:innen
Weider géifen d’Konflikter dozou féieren, datt een an der Equipe géif Zitat “loyautés implicites” erëmfannen. D’Mataarbechter géifen sech gezwonge fillen, Säiten ze wielen, wat onweigerlech zu emotionaler Belaaschtung an Onzefriddenheet géif féieren. Ob dëst sech och op d’Favoritismus-Virwërf géigeniwwer der Direktesch bezitt, ass net aus de Conclusiounen eraus ze liesen. Datt et kee formelle Raum géif gi fir en oppenen Dialog, géif d’Saach nëmme verschlëmmeren.
Allgemeng stellt de Rapport och fest, datt d’Organisatioun vum Musée ënner Drock géif stoen.
No Departe beim Mudam, ënnert anerem och vum fréiere President Patrick Majerus, ass d’Situatioun am Mudam zu engem ëffentlechen Thema ginn. A sengem Demissiounsbréif hat de Patrick Majerus gesot, datt d’Personal vum Musée géif leiden. Eng Conclusioun déi och d’Berodungsfirma zitt.
D’Muséesdirektesch Bettina Steinbrügge an den DP-Kulturminister Eric Thill hunn an de leschte Woche gemengt, d’Schwieregkeeten am Musée hätte keen Impakt op de Fonctionnement. De Rapport vu Qualia gesäit dat offensichtlech anescht.