Radioen

On air

Nei Musek  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bewäertungssystem bei der Arméi: D'CGFP wëll den Drock erhéijen

CGFP

Bewäertungssystem bei der Arméi: D'CGFP wëll den Drock erhéijen

D’Staatsbeamtegewerkschaft kënnegt un, den Drock am Sträit iwwer de Bewäertungssystem fir Avancementer bei der Arméi wëllen ze erhéijen. D’CGFP wéilt all Mëttel notze, fir datt d’Rechtsstaatlechkeet garantéiert bleift. Sécher wier, datt weider gewerkschaftlech Schrëtt kommen, heescht et an engem Communiqué no der zweeter Sëtzung vun de Moien op der Conciliatioun.

auto_stories

1 min

D’Staatsbeamtegewerkschaft kritiséiert, datt d’Schlichterin do erkläert hätt, datt et sech ëm ee sektorielle Rechtssträit géif handelen, an net ëm een allgemengen.

Schonn an der éischter Sëtzung op der Conciliatioun de 4. Dezember hätten d’Vertrieder vun der Regierung refuséiert, iwwet de Kär vum Uleies ze diskutéieren.

Den CGFP-Nationalvirstand wéilt zäitno iwwer dat weidert Virgoen decidéieren, gëtt ugekënnegt. Donieft huet d’Gewerkschaft eng urgent Entrevue mam zoustännegen CSV-Minister Serge Wilmes ugefrot.