Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréngt de Klimawandel méi Moustiquen?

Biodiversitéit

Bréngt de Klimawandel méi Moustiquen?

Wann d’Wantere waarm sinn hu mir am Summer méi Moustiquen. Dat gëtt mol esou gesot. Duerch de Klimawandel misste mir deemno ëmmer méi Moustique kréien, oder? D‘Äntwert op déi Fro ass awer net esou evident.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Patrick Pleul play_arrow
Foto: picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Patrick Pleul

Mat richteg kale Wanteren hunn d’Insekte kee Problem, erkläert d’Claire Wolff, Responsabel fir Biodiversitéit vum Mouvement Écologique. Schwiereg gëtt et dann, wann d‘Temperaturen ëm den Nullpunkt vill hin an hier schwanken. Da géifen d‘Déieren nämlech ëmmer nees aus der Rou gerappt ginn.

Fir de Wanter ze iwwerbrécken hunn Insekten ënnerschiddlech Methoden. Si verstoppe sech, si bilden ee Cocon oder si hu souguer eng eegen Aart Frostschutzmëttel.

Net fir all Insekt schlecht ...

Déi duerch de Klimawandel verursaacht méi mëll Wanteren hu verschidde Konsequenzen. Dobäi wieren déi net fir all Insekt schlecht, betount d‘Claire Wolff.

"Verschiddener gi besser eens mat esou Wanteren, an anerer méi schlecht.“

Beispillsweis Päiperleken, déi am Cocon iwwerwanteren an domat dem Wieder komplett ausgeliwwert sinn, fir déi bedeiten esou mëll Wantere mat vill Fiichtegkeet och ee méi héije Risiko vu Pilzen oder anere Krankheete befall ze ginn.

… awer schlecht fir d‘Diversitéit

Déi mëll Wanteren hunn och Konsequenzen op d‘Diversitéit vun den Insekten zu Lëtzebuerg. Insekten, déi aus Géigende komme mat méi mëlle Wanteren, verbreede sech deemno och méi am Norden. Sou zum Beispill d‘Gottesanbeterin, déi hei soss éischter an de Minièren am Süden ze fanne war. Déi gëtt elo am ganze Land gesinn.

Deemno verschwannen déi Insekten, déi soss zu Lëtzebuerg present waren, a Richtung Norden, dohi wou d’Wanteren nach kal sinn, esou nach d’Claire Wolff.

Moustiquë si méi fréi am Joer aktiv

Fir aner Insekte bedeiten déi mëll Wanteren, datt si méi fréi am Joer aktiv ginn. Dat betrëfft och d’Moustiquen, erkläert d’Claire Wolff weider. Ob et där och wierklech méi ginn, dat géif vum Fréijoer ofhänken.

Do brauchen d’Moustiquë wotlecht Waasser, wou si hir Larven dra kënne leeën. Deemno géif et vun de Reequantitéiten am Fréijoer ofhänken, wéi vill Moustiquen am Summer ronderëm fléien. MeteoLux no war eleng de Mount Mäerz dëst Joer schonn ze naass, mat 16 Liter méi Reen op de Meterkaree am Verglach zu der Referenzperiod. E Grond wisou et dëst Joer méi Moustique kéinte ginn.

Méi Diversitéit néideg

De Klimawandel huet schonn dramatesch Suitte mat sech bruecht. D’Vilfalt vun den Insekten zu Lëtzebuerg wier staark erofgaangen. "Mir sinn an enger Biodiversitéitskris", warnt d’Claire Wolff.

D‘Landschaft a landwirtschaftlech genotzte Fläche si vill manner divers. Ëmmer méi grouss Fläche ginn ëmmer méi homogen genotzt.

Och an de private Gäert wier et néideg, datt op d’Diversitéit opgepasst gëtt, esou nach d’Claire Wolff. Beispillsweis géif et schonn hëllefen, manner dacks ze méinen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ëmwelt